Chronik vun eiser Musek

2008-2009 Et geet weider de Bierg op. 2009 beschléissen di Responsabel vun der Musek fir am Joer 2010 den 50. Anniversaire ze feieren an et gëtt een Organisatiounscomité op d'Been gesat, deen aus 16 Leit besteet, als President den Xavier Bettel. Dësen Komitee schafft an der Zwëschenzäit äifreg an hofft dass een schéinen Programm fir den Anniversaire kann gebueden ginn.

2005 ass et weider Bierg op gaang. Den Gala 2005 "Made in USA" ass zesummen mat der Stad- a Lampertsbierger Musek gespillt ginn an mir hunn zesummen een Charity-Concert am Mierscher Kulturhaus gespillt.

2004 Mol eppes Neies. An der Generalversammlung ass eng Presidentin gewielt ginn, d'Marianne Degregori. Déi al Traditioun lieft erëm op, den Gala Concert stoung erëm um Programm. Am Abrëll spillen mir zesummen mat der Stad- a Lampertsbierger Musek den Gala 2004 an der Sportshal zu Gaasperech.

2003 An enger aussergewéinlecher Generalversammlung ginn nei Statuten festgehalen an d'Musek gëtt offiziell eng ASBL mam Numm "Harmonie municipale Luxembourg-Gasperich asbl".

2002 war et esou weit dass d'Gaasperecher Musek opgeléist sollt ginn. Deen deemolegen President Pit Léonard huet Kontakt mat ale Musikanten opgeholl fir dëst ze verhënneren. An der Generalversammlung huet een Grapp fréier Musikanten dëst verhënneren kennen wéi si sech an de Comité gemellt hunn. Den Interimspresident war den Nico Weiz. Et stoung vill Aarbecht virun der Dir. Den Christian Block gëtt als Chef agestallt. Hien huet vill Aarbecht mat deenen puer Musikanten.

1990 feiere mir deen 30. Gebuertsdag. Leider kënnt elo méi eng donkel Zäit an eiser Musek. Nodeems een groussen Deel vum deemolegen Comité démissionéiert huet koum eng nei Equipe awer de Veräin ass ëmmer méi ofgesat.

1987 nodeems hien 6 Joer Dirigent war, démissionéiert den Armand Meis an gëtt duerch den Jean-Pierre Barthel ersaat. ënnert him fänkt eng Traditioun un, déi haut nach besteet; am Fréijoer spillen mir een Gala Concert, deen ënnert engem bestëmmten Motto leeft.

1985 feiert Fanfare Gaasperech 25 Joer. An enger aussergewéinlecher Generalversammlung kritt sie nei Statuten an gëtt "Harmonie municipale Gaasperech". Eis Musek zielt elo 62 Musikanten.

1983 geet eng nei ära fir eis Musek un. Ënnert dem neie, jonke Dirigent Armand Meis gëtt den Orchester mat Holzinstrumenter ergänzt an mir kafen zwou Pauken.

1982 gëtt eis Musek sech mat Erfolleg un eng aner kulturell Aktivitéit. Ënnert der Regie vum Paul Huss spillt si hiert éischten Theaterstéck "Een Appel fir den Duscht" vum Norbert Weber.

1981 No engem Interim vun 6 Méint duerch den Nicolas Henx kréien mir een neien Dirigent, den Armand Meis.

1976 feiere mir mat engem Joer Verspéidung eise 15. Anniversaire. 1978-1980 Et geet een laangen Dram an Erfëllung. Bis zu dësem Joer haten mir keen richtegen Proufsall, et ass am Café Colomb, am Keller vun der aler Schoul an spéider am Porheem geprouft ginn. Eis Musek kritt endlech een eegenen Proufsall an der neier Schoul zu Gaasperech. 1980 feiert d'Gaasperecher Musek säin 20. Gebuertsdag.

1975 fänkt Zäit vun der grousser Verännerung un. No enger gewësser Middegkeet ënnert de Musikanten iwwerhëlt eng ganz nei Equipe d'Geschécker vun der Musek. De Johny Kirtz gëtt neien Dirigent an den Gérard Pundel gëtt neien President.

1974 hëlt eis Musek mat engem Effektiv vun 34 Musikanten an ënnert der Leedung vum Claude Hoffmann um UGDA-Concours zu Ettelbréck deel. Fir eng Iwwergangszäit vun 6 Méint iwwerhëlt den Jean-Pierre Clement den Dirigenteposten.

1968 huet den Claude Hoffmann fir 6 Joer den Dirigenteposten iwwerholl. 1973 Aus beruffleche Grënn démissionéiert de Marcel Karels als President an gëtt vum Fernand Becker ersat.

1963-1967 eis Fanfare hëlt um UGDA-Concours an der Stad Lëtzebuerg an um "Concours de Classement" zu Bouneweg deel. Mir klasséieren eis an der 2. Divisioun.

1962 huet eis Musek dann un hirem éischten UGDA-Concours zu Waasserbëlleg deelgeholl. Am Oktober vun dësem Joer gëtt den Marcel Karels President vun der Musek an bleift fir 11 Joer op dësem Posten.

1961 kritt Fanfare dann hiren éischte Fändel. Giedel an Pätter vum Fändel woren Madame Josy Meisch-Deville an den Här Marcel Karels.

1960 gëtt Gaasperecher Musek als déi jéngsten Musek an der Stad Lëtzebuerg, als "Fanfare Municipale Gasperich" gegrënnt. D'Grënnungsversammlung wor den 25 Juni 1960 am Café Colomb bei enger Präsenz vun 60 Leit. Deen 1. President war den Jacques Foetz an ënnert dem 1. Dirigent Alex Bauer ass déi éischt Prouf den 23. Juli 1960 bei engem Effektiv vun 27 Musikanten ofgehalen ginn.