Christian Block

Eisen Dirigent

Gebuer 1995 zu Lëtzebuerg, huet den David scho ganz fréi seng Passioun fir d'Musik entdeckt. Am Alter vun 4 Joer huet hien d'Formatioun Musicale ugefaangen an nëmmen ee Joer drop huet e schon Trompette gespillt.

Duerch seng Famill huet hien schonn ganz fréi d'Léift zu der Kierchenuergel entdeckt an ass schonn oft Sonndes Moies matgaangen fir nozekucken. Schonn am Alter vun 14 Joer huet hien seng éischt Mass gespillt. Mat 15 Joer huet den David mat Uergelcoursen am Stater Conservatoire ugefaangen, ier en dunn op Iechternach an d'Basilika gewiesselt ass an Improvisatioun an praktesch Harmonie nach geléiert huet.

No 9 Joer Trompette ass et dem David duergaang. Hien wollt en Instrument léieren, wat besser bei en géif passen, an huet dunn decidéiert, op de Bass ze wiesselen, deem en bis haut trei bliwwen ass, an wat schonn een eppes méi grousse Sprong war. Mat nëmmen 12 Joer huet hien ugefaang am Stater Conservatoire Bass ze léieren, wat hien bis haut nach mat Zielstrébegkeet meeschtert. De Bass alleng ass him awer net duergaang, an hien hëllt nach Coursen, wéi Kammermusek, Harmonie, Orchesterdirektioun (Orchestratioun, Analys), wéi och nach Piano.

Den David war schonn an ganz Europa ënnerwee, fir ënnert anerem mat Orchesteren zu Hamburg, Freiburg, St. Malo, Norditalien,... ze spillen.

Seng Passioun fir d'Direktioun huet hien och scho ganz fréi entdeckt. Hien huet et souwuel als klengt Kand am Buedzëmmer virum Spigel, a spéider och ënnert anerem bei der Fanfare Prince Henri vu Bouneweg, der Big Band aus dem Iechternacher Kolléisch, der Schüler Band aus dem Lycée Aline Mayrisch an der Bobs Band praktizéiert.

Aktuell ass den David Kierchenorganist an spillt am Harmonieorchester aus dem Stater Conservatoire, dem nationalen UGDA Jugendorchester an der Bouneweger Musek.